Happy End an NiedersachsenPoliziste retten Hong vun der Strooss, dat leet en Ee als Merci

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet eng Policepatrull am niedersächseschen Alfeld "Hong-Flüsterer" gespillt.
© AFP

D’Beamten haten op hirer Patrull en Hong entdeckt, dat komplett verängschtegt op enger Strooss souz. Et war wuel aus sengem Auslaf entwëscht.

Si hunn d’Déier agefaangen a well wäit a breet kee Proprietär ze fanne war, hu si d’Hong mat op de Policebüro geholl. Am Däischtere wier et sécher iwwerrannt ginn. Si hunn dem Déier souguer ee klengt Doheem gebaut mat Verfleegung an enger vun den Zellen.

Den anere Moien huet d’Hong sech dann och fir d’Gaaschtfrëndlechkeet revanchéiert an e Ee geluecht. De Proprietär gouf dann och nach fonnt an d’Hong war kuerz drop nees Doheem.

Back to Top
CIM LOGO