
An engem Statement deelt de Prada Group mat, dass den Deal mam US-amerikanesche Grupp Capri Holdings, deem Versace gehéiert huet, an dréchenen Dicher wier. De Lorenzo Bertelli, Jong vun der Designerin Miuccia Prada a Chef vum Marketing, wäert no der Iwwernam neie Chef vu Versace ginn. Am Abrëll war d’Iwwernam fir de Präis vun 1,25 Milliarden Euro annoncéiert ginn. Et wier eng strategesch Decisioun gewiescht, sou de Bertelli. D’Mark wier vill méi grouss wéi hir eigentlech Revenuen, déi an de leschte Joren ëmmer méi an de Keller gaange waren.
Dem CEO vu Prada Andrea Guerra no géif Versace sech ausseruerdentlech ënnerscheede vun anere Marken an hirem Portfolio. De Label hätt Moud erfonnt, sou wéi mir se haut kennen, an hätt se méi no un d’Popkultur bruecht, sou de Guerra, deen och sot, dass Versace mat senger anerer Ästhetik en anere Keefer géif uschwätzen.
Armani ass och am Viséier
Ugeschwat op d’Successioun vum Giorgio Armani, dee sech viru sengem Doud gewënscht hat, dass säi Grupp vun engem Groussen aus der Moudewelt opkaaft gëtt, huet de Lorenzo Bertelli verlaude gelooss, dass si all Opportunitéite géinge préiwen, mä aktuell wier Versace hir Prioritéit.