
Als Grond fir dës Vitess-Infraktioun huet d’Fra e Rendez-vous beim Coiffeur uginn, dee se virun hirer Hochzäit, déi um selwechten Dag wéi de Rendez-vous louch, onbedéngt an Usproch huele misst. D’Beamten hunn der 25 Joer jonker Fra dunn e ganz speziellen Hochzäitskaddo offréiert: E Protokoll an Héicht vu 480 Euro, zwee Punkten zu Flensburg an ee Mount Fuerverbuet.