Virun 2 Joer gouf et dunn deen éischte CGDIS-Dag fir de Cycle 3. Och dëst Joer gouf an Zesummenaarbecht mam Cycle 3 nees ee Projetsdag “CGDIS” lancéiert, mä dës Kéier gouf déi ganz Schoul vum Precoce bis Cycle 4.2 agebonnen.

Et gouf ee klengen Ausfluch an d’Joer 1890, wou d’Kanner gesinn hunn, wéi fréier mat Kiwwelsprëtzen a Muskelkraaft ee Feier geläscht gouf. Duerno konnte si den LF (Läschcamion) vum CIS Bourscheid kucken a kruten d’Material erkläert.
An engem aneren Atelier krute si d’Bestanddeeler vun enger Uniform erkläert a konnte gesinn, wéi aus engem einfache Pompjee een Otemschutzdréier gëtt.

An der Turnhal kruten d’Kanner d’Wichtegkeet vun der Sportlechkeet vum Pompjee erkläert a konnten de Parcours d’Agresse, deen am Sportsexame vum Beruffspompjee virkënnt, kandgerecht ausprobéieren.

Am Virfeld huet den C3 verschidden Éischt-Hëllef-Geste geléiert. Dëse Projet gëtt organiséiert, fir d’Kanner am Ëmgang mat Accidenter a Bränn ze sensibiliséieren an hinnen d’Angscht ze huelen, wa si a Gefor sinn an d’Pompjeeë komme mussen.
Grad esou ass et eng flott Méiglechkeet, de Kanner souwuel déi benevole, wéi och déi berufflech Méiglechkeeten am CGDIS zu vermëttelen. Dëst Joer krute si och un engem abandonéierten Auto gewisen, wéi d’Pompjeeë bei engem Autosaccident eng Dier raushuelen a wéi bei engem Accident geschafft gëtt.

Zu gudder Lescht krute se och den Inhalt a Fonctionnement vun enger Ambulanz gewisen a kruten de richtegen Ëmgang mat engem Feierläscher gewisen. Hei huet eis d’Pompjeesfederatioun aus dem Norden de “Fire Trainer” an een Instrukter zur Verfügung gestallt, datt d’Kanner dëst konnte gewise ginn.

Ee grousse Merci geet un den CIS Bourscheid an d’Léierpersonal, déi dëse Projet ëmgesat hunn.
Wéinst technesche Problemer huet eis den CIS Housen ganz onkomplizéiert a séier een RTW zur Verfügung gestallt, sou dass mir dëst Gefier de Kanner weise konnten, hei war de CIS-Chef vun Housen, den Daniel Hermes eng grouss Hëllef.
Een decke Merci der Gemeng Buerschent, der Pompjeesfederation an dem CIS Nordstad, déi souwuel logistesch, wéi och personell matgewierkt hunn. Dem Rom Hankes Merci fir d’Fotoen an de Schoulkanner fir d’Matmaachen an den Atelieren.
Fir de CIS Bourscheid, Joost Kanstein CHEF CIS.