Luke Littler ass WeltmeeschterPublic-Viewing vun der Darts-WM och hei zu Lëtzebuerg

Philippe Dondelinger
Leschte Freideg den 3. Januar war d'Finall vun der Weltmeeschterschaft am Darts.
Public-Viewing fir d'Darts-WM zu Lëtzebuerg
Leschte Freideg den 3. Januar war d’Finall vun der Weltmeeschterschaft am Darts.

Darts ass ee Sport, deen aus England kënnt, awer och hei am Land ganz beléift ass. Zu Schuller am Kulturhaus “Pontebier” war e Public Viewing vun der Finall, wou den Erléis un den Télévie geet. Mä vu wou kënnt dës Faszinatioun, fir e Feil op eng Scheif ze schéissen, a wat motivéiert d’Leit, esou eppes ze suivéieren?

Mir ware bei der Finall, an där den dräifache Weltmeeschter Michael Van Gerwen géint de 17 Joer jonke Luke Littler ugetruede sinn, beim Public Viewing mat dobäi. Fir wien hunn d’Leit am Kulturhaus gehalen a wéi war d’Ambiance bei de Fans?

Back to Top
CIM LOGO