
An deem Stau houng och e Mann mat senger héichschwangerer Fra fest. D’Fra hat Wéien an déi koumen deen Ament schonn a kuerzen Ofstänn. Hien huet missen den Noutruff wielen a gouf mat Hëllef vun der Police, déi wéinst dem Accident op der Plaz war bis bei d’Onglécksplaz guidéiert. Do stoung e Rettungswon, deen d’Fra ganz séier sollt an d’Spidol bréngen.
De frëschgebakene Papp huet de Beamte spéider gemellt, dass d’Kand nach an der Ambulanz op d’Welt koum, wéi d’Police vu Mannheim e Méindeg matgedeelt huet. Den Asaz hat fir grousst Matféiweren um Policebüro gesuergt.
Der Mamm an dem klenge Jong ginn et gutt.