Greenpeace-EtüdRecycling vu Plastik ass e Mythos

RTL Lëtzebuerg
Der Ëmwelt-Organisatioun Greenpeace no geet d'Recycling-Quot vu Plastik an den USA erof, iwwerdeems d'Produktioun ëmmer weider an d'Luucht geet.
© AFP

Déi vun der Industrie héich geluefte Kreeslafwirtschaft bei Plastik wier e “Mythos”, heescht et an engem e Méindeg publizéierte Bericht vu Greenpeace USA. Hiren Informatiounen no hunn d’US-Stéit am Joer 2021 51 Milliounen Tonne Plastikoffall produzéiert, vun deenen nëmmen 2,4 Milliounen Tonne recycléiert gouf.

Nodeems den Neesverwäertungstaux 2014 mat 10 Prozent e Rekordniveau hat, geet dësen dem Bericht no nees erof - virun allem, zanter China am Joer 2018 d’Opnam vu westlechem Plastikoffall agestallt huet. D’Produktioun vun neiem, net recycléierte Plastik dogéint klëmmt nees rapid.

“D’Industriegruppen a grouss Firmen hunn op Recycling als Léisung gedrängt. Domat hu si sech komplett aus all Verantwortung gezunn”, sou d’Lisa Ramsden, Cheffin vun der Campagne bei Greenpeace USA. Si huet grouss Firme wéi Coca-Cola, Pepsi Co, Unilever an Nestlé als Haaptresponsabel ugeschwat.
Greenpeace USA no ginn nëmmen zwou Aarte vu Plastik an den 375 Réckgewannungsanlage vum Land acceptéiert: Polyethylenterephthalat (PET), dat dacks fir Waasser a Limonadsfläsche gebraucht gëtt, souwéi Polyethylen (HDPE), dat zum Beispill a Shampoingsfläschen a Fläsche mat Botzproduiten ze fannen ass.

Allerdéngs louch och d’Neesverwäertungsquot vu PET- an HDPE-Produiten nëmme bei 20,9 Prozent an 10,3 Prozent. Béid Wäerter si géintiwwer der leschter Relève vu Greenpeace USA am Joer 2020 liicht réckleefeg.

Back to Top
CIM LOGO