Illegal Liwwerungen u Prisong zu StroossbuergRettungshelikoptere kënne wéinst Dronen net méi bei Spidol fléien

AFP, iwwersat vun RTL
Well sech nuets Prisonéier zu Stroossbuerg illegal mat Dronen Droge liwwere loossen, kënne Rettungshelikopteren net méi bei e Spidol an der Géigend fléien.
Symbolbild vun enger Dron
Symbolbild vun enger Dron
© Pixabay

Schonn zanter dräi Woche landen Noutfallhelikopter an der Nuecht net méi beim Spidol Hautepierre zu Stroossbuerg, well Pilote Kollisioune mat Drone fäerten. Dat well Prisonéier, bei engem Spidol an der Géigend, sech nuets illegal Droge mat Drone liwwere loossen. 19 Drone wieren dem Sécherheetsbeoptraagte Jérôme Coulon no zanter Abrëll iwwer der Helikopterplaz beim Spidol Hautepierre gesi ginn.

Amplaz landen d'Helikoptere bei engem anere Spidol, esou datt Patienten deels eréischt mat Retard op der Intensivstatioun vun der Uni-Klinik ukommen. "E Retard vun 30 bis 40 Minutte ka fir Patiente liewensbedreelech sinn", warnt de Julien Pottecher, Chef vum Departement fir Anästhesie an Intensivmedezin vun der Uni-Klinik Hautepierre.

Zu Stroossbuerg loosse sech Prisonéier dacks verbuede Géigestänn mat Dronen an de Prisong bréngen, dorënner Drogen oder Handyen. Eréischt en Dënschdeg waren zwee Ugeklote verurteelt ginn, déi sech un esou enger Liwwerung bedeelegt haten.

All Joer ginn eng 330 Patiente mam Helikopter an d'Spidol Hautepierre bruecht. Ronn 40 ginn nuets bruecht.

De franséische Justizminister Gérald Darmanin hat zejoert annoncéiert, Drone-Liwwerungen a Prisonge mat technesche Mëttel, déi Dronen erkennen a stoppe sollen, ze verhënneren. Am Februar waren 62 Prisongen domat ekipéiert ginn, bis Enn des Joers solle 16 weider Prisongen dobäi kommen.

Back to Top
CIM LOGO