Rettungsübung an däitschem Schnellzuch Kommunikatioun per Fax, Secouristen no 2 Stonne do: "Wier dat hei echt, wier längst all Mënsch dout"

RTL Lëtzebuerg
Eng Rettungsübung am däitschen Thüringen huet eng ganz Rei Probleemer an den Noutfall-Demarchë vun der Deutsche Bahn gewisen.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© JAN WOITAS/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Übung war an engem Tunnel an Thüringen a sollt ee Feier am Zuch simuléieren. Zum Gléck war et allerdéngs just eng Übung - bis d'Secouristen op der Plaz waren, sollen nämlech ganzer zwou Stonne vergaange ginn.

Wéi an der der lokaler Noriichtesäit "InSüdthüringen" ze liese war, huet de Maschinist den "Noutruff" ëm 10:15 Auer ofgesat - bis d'Rettungsleitstelle Mittelthüringen informéiert gouf, sinn awer ganzer 30 Minutte vergaangen. Ier d'Pompjeeën an d'Bild gesat goufen, sinn nach emol 30 Minutte verstrach. Insgesamt sinn der lokaler Säit no ganzer 2 Stonne vergaangen, ier d'Secouristen op der Plaz waren. Hätt et wierklech ee Feier op der Plaz ginn, wier dat warscheinlech zimmlech schif ausgaangen. Déi Aschätzung huet och een Expert vun de Pompjeeën dem Site "InSüdthüringen" géigeniwwer ginn: "Wier dat hei echt, wier längst all Mënsch dout."

Dem däitsche "Spiegel" géigeniwwer sot den zoustännege Landkrees allerdéngs, d'Secouriste wiere géint 10:50 Auer ukomm, also no e bësse méi wéi enger hallwer Stonn. D'Landrätin vum Krees Ilm, d'Petra Enders, huet dem Spiegel géigeniwwer awer zouginn, datt et "grouss Defiziter" géif ginn, dat virop an der Kommunikatioun. Déi interne Demarchë bei der Bahn géife "vill ze laang" daueren an d'Leitstellen an Thüringen géifen nach per Fax kommunizéieren. Dobäi hätt et technesch Probleemer an eng Rei schwéier Verkéiersaccidenter ginn, déi nach emol een Afloss op d'Übung gehat hätten. Si fuerdert d'Bahn ënner anerem dozou op, hir Demarchen ze préiwen.

Back to Top
CIM LOGO