
Schonn an den 1960er Joren hat sech de gebiertege Stater an der LSAP engagéiert an huet och no senger aktiver Zäit an der Politik, als fréiere Journalist, seng politesch Meenung weiderhi via Zeitungs-Artikelen a Carte blanchë bei eis op der Antenne, ausgedréckt. Wann ee vum Robert Goebbels schwätzt, dann erënnert ee sech un e Mann mat Charakter, deen dofir bekannt war, ni e Blat virun de Mond ze huelen a seng Meenung kloer an däitlech matzedeelen a kontrovers ze diskutéieren.
Hie war e Politiker mat Ecken a Kanten, eng markant Perséinlechkeet. De Robert Goebbels, 1944 an der Stat gebuer, huet als Journalist beim Tageblatt ugefaangen. 1984 an d'Chamber gewielt, ass hien direkt an d'Regierung Santer-Poos komm, als Staatssekretär fir d'baussecht Relatiounen huet hien 1985 d'Accorde vu Schengen ënnerschriwwen a war säi Liewe laang een iwwerzeegten Europäer.
No senger nationaler Karriär an der Politik ass hien 1999 eng éischte Kéier an d'Europaparlament gewielt ginn, hat duerno nach zwee Mandater, ier et 2014 an déi wuelverdéngte Pensioun goung.
De Robert Goebbels war 2021 och eisen Invité am RTL-Afterwork, wou en eis seng Léift zum Kache verrode hat.