Déi kënschtlech Intelligenz soll eis den Alldag vereinfachen. An deem Kader war elo zu Genf eng grouss Foire, wou een déi neiste KI-Technologië virgestallt krut.
Op der Foire fënnt ee villes, wat viru Joren nach kaum virstellbar gewiescht wier: Protheese mat héijer Geschécklechkeet, Apparater, déi vu Leit mat schlechter Vue gedroe ginn, fir Hindernisser op der Strooss ze erkennen, a souguer bionesch Kazen an Hënn, déi de Leit, déi eleng sinn, Gesellschaft leeschten.