Net nëmmen ÄsthetikRonn 50 Kanner ginn zu Lëtzebuerg mat Botox behandelt

Rosa Clemente
D’Nervegëft hëlleft net nëmme bei Falen. Et gëtt ënnert anerem och bei staarke Verkrampfungen oder chronesche Migränen agesat.
Ronn 50 Kanner ginn zu Lëtzebuerg mat Botox behandelt
D’Nervegëft hëlleft net nëmme bei Falen. Et gëtt ënnert anerem och bei staarke Verkrampfungen oder chronesche Migränen agesat.

Allgemeng ass d’“Toxine botulique” ënnert dem Numm Botox bekannt – wat awer eigentlech just eng vun e puer Marken ass, ënnert där dës Substanz um Marché verkaf gëtt.

Laut Gesetz kann Botox just vun Dokteren a Médecin-Dentiste gesprëtzt ginn, an dat och just a Klinicken oder Praxissen. Déi medezinesch Behandlunge mat Botox ginn zum Deel vun der Gesondheetskeess iwwerholl, déi ästhetesch awer net. Nieft den Traitementer bei sougenannten Spasmen, also Verkrampfunge vu Muskelen, ginn ënnert anerem och déi vu chroneschen Tortikollien oder staarke Migräne rembourséiert.

Den 9 Joer ale Melvin ass ee Botox-Patient. Hien ass ze fréi op d’Welt komm an hat eng Lämung um Gehier, déi mécht datt d’Befeeler, déi hien u seng Beemuskele gëtt, net ausgeglach sinn. Hien huet stänneg Verkrampfungen, déi him d’Trëppele schwéier maachen. Fir dogéint unzekämpfen, kritt de Melvin zënter sengem 3. Liewensjoer Botox gesprëtzt. Hien ass awer keen Eenzelfall. Am Joer kréie ronn 50 Kanner e medezinesche Botox-Traitement am Hôpital du Jour vun der Pediatrie (CHL) gesprëtzt.

Och d’Cindy Feidert gëtt reegelméisseg mat Botox behandelt. Si ass eng vu ronn 100 Patienten, déi an der Clinique de la Douleur vum CHL dës Substanz gesprëtzt kréien, fir d’ Péng vun de Migränen ze reduzéieren.

D’Nadia Reiland dogéint, kritt hir Botox Traitementer net vun der CNS rembourséiert. Zënter bal 10 Joer gehéiert Botox sprëtze loossen zu hire Beauty-Routinnen. Virun allem ronderëm den Aen an der Stier seet si de Falen de Kampf un.

Wéi gëtt Botox agesat? Wat kascht et? An ass et nach ëmmer een Tabuthema? D’ Äntwerten am Reportage.

Back to Top
CIM LOGO