Fir ronn 6.000 Leit war zu Dikrech de Startpunkt fir e flotten, awer och ustrengende Weekend. 12, 20 oder 40 Kilometer den Dag stounge fir d'Leit um Programm, déi ee konnt duerch den Norden trëppelen.
D'Marche internationale huet eng laang Traditioun zu Dikrech a geet op d'Joer 1968 zeréck. D'Marsch gouf gegrënnt, nodeems den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaaft ginn ass. E Grupp huet sech zesummegedoen an hunn, fir sech kënnen all Joer ze treffen, d'Marche de l'armée organiséiert. Deemools nach mat 268 Leit.
Zesumme mat Leit aus der Arméi, an dat vun iwwerall, an der Zivilpopulatioun gëtt also all Joer marschéiert. Dëst Joer waren och 1.500 amerikanesch Zaldote mat dobäi, déi deels aus Polen ugereest sinn.
Platt Féiss, schwéier Been, eng jett Bloderen an awer zefridde Gesiichter, dat ass dat, wat zefridde Leit um Enn matgeholl hunn. An natierlech och ee Souvenir, eng Medail.