HongkongRosaen Diamant fir iwwer 59 Milliounen Euro versteet

RTL Lëtzebuerg
Den 11,15 Karat schwéiere Williamson Pink Star ass domadder deen zweetdeiersten Edelsteen, dee jee verkaf gouf, esou d'Auktiounshaus Sotheby's.

De Williamson Pink Star ass och den zweetgréissten rosaen Diamant, dee jee bei enger Auktioun ënnert den Hummer koum. Ugepeilt war e Präis vun 21 Milliounen US-Dollar, ma e Keefer aus Florida huet méi wéi dat duebelt dofir bezuelt. 2027 war den CTF Pink Star fir 71,2 Milliounen Dollar verkaf ginn, e Präis, fir dee soss an och bis elo nach ni en anere Steen de Besëtzer gewiesselt huet.

Ënner Diamanten ass d’Faarf Rosa mat am seelensten an dowéinst sinn dës Diamanten och besonnesch beléift.

Back to Top
CIM LOGO