Nei TouristenattraktiounSaudi-Arabien baut en "Dragon Ball"-ugehauchte Manga-Fräizäitpark

RTL Lëtzebuerg
An der neier saudiarabescher Touristendestinatioun Qiddiya City, net wäit vun der Haaptstad Riad, soll en neie Fräizäitpark entstoen.
© https://twitter.com/DB_official_en by X / Dragon Ball Official

Et soll e Park ginn, ugehaucht un déi japanesch Serie “Dragon Ball”. Am 500.000 Quadratmeter groussen Themepark solle Manga-Fans komplett op hir Käschte kommen a sämtlech Aventure ronderëm d’Serie hautno erliewen.

Och op der offizieller “Dragon Ball"-Websäit goufen d’Pläng, dëse Park ze bauen, annoncéiert. Den Datum vun der Ouverture an och d’Käschte goufen net genannt. Detailer gouf et dann awer, wéi de Park opgebaut ass.

De Manga-Park wäert a siwe Beräicher opgedeelt sinn, déi sech allkéiers ëm een “Dragonball” dréinen, ëm déi et ënner anerem an der Serie geet. Am Zentrum vum Park soll e 70 Meter héijen Draach hikommen an et wäerte ronn 30 Attraktioune souwéi sëllege Restauranten an Hoteller.

De Manga-Park ass just en Deel vu Qiddiya City, en touristesche Mega-Projet, deen net wäit vu Riad entsteet. De Projet ass och just en Deel vum Programm “Vision 2030". Domat soll de saudiarabeschen Tourismussecteur massiv ugekuerbelt ginn an d’Kinnekräich manner ofhängeg vum Pëtrolshandel maachen.

2019 gouf mam Bau vu Qiddiya City ugefaangen. Nieft dem Manga-Park ginn et nach aner Fräizäitparken, Motosport-Anlagen an eng eege Safari-Landschaft.
Déi éischt Dragon-Ball-Emissioun koum 1984 eraus an huet sech zanterhier zu där Manga-Serie entwéckelt, déi weltwäit am meeschte gekuckt gouf a war Virlag fir eng Hellewull aner Tëleesserien, Filmer a Videospiller. Den Erfinder vun Dragon Ball Akira Toriyama ass eréischt Ufank Mäerz dëst Joer am Alter vun 68 Joer gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO