
Dës Nouvelle hunn de Verlag an de Studio vum Mangaka Akira Toriyama e Freideg bekannt ginn.
“Mir sinn opriichteg traureg, Iech matdeelen ze mussen, datt de Manga-Créateur Akira Toriyama den 1. Mäerz un engem akute Subduralhematom gestuerwen ass. Hie war 68 Joer al”, sou d’Matdeelung vu Bird Studio, eng Entreprise, déi de Mangaka gegrënnt hat, op der Plattform X.
Vum Verlag heescht et: “Mir wëlle seng grousse Leeschtunge wierdegen, him eis Dankbarkeet ausdrécken an eis opriichtegt Bäileed ausschwätzen.”
Den Akira Toriyama ass 1955 zu Nagoya op d’Welt komm a war virun allem fir den 1984 eng éischte Kéier publizéierte Manga “Dragon Ball” bekannt. De Manga gouf dem Site Mangazenkan no weltwäit op d’mannst 260 Millioune Mol verkaaft. Donieft goufen eng sëllegen Adaptatioune fir d’Tëlee, de Kino oder Videospiller publizéiert. Et gouf och eng Rei Fortsetzunge wéi “Dragon Ball Z” oder rezent “Dragon Ball Super”.
Den Akira Toriyama war och Auteur vu weidere Manga-Serien, dorënner “Dr. Slump”, déi tëscht 1980 an 1984 an der Zäitschrëft Shonen Jump publizéiert gouf.
Hien huet och Charaktere fir verschidde Videospiller erschaf, sou zum Beispill fir d’Rollespill “Chrono Trigger” aus den 1990er Joren.
De Mangaka hat 2013 fir säi Gesamtwierk de Spezialpräis vum 40. Internationale Comicfestival vun Angoulême kritt a gouf 2019 vum franséische Kulturministère zum Ritter vum Konscht- a Literaturuerden ernannt.
