
En entspriechenden Accord gouf bei enger Visitt vum saudi-arabesche Krounprënz Mohammed bin Salam zu Paräis e Méindeg ënnerschriwwen.
Am Ganze gesäit de Projet an Héicht vu 6 Milliarden Euro de Bau vun dräi Attraktiounsparke vir - dovu soll een d'Theema vun der erfollegräicher Mangaserie "Dragon Ball" hunn. D'Initiativ soll änlech Ausmoossen hu wéi den Disneyland Paris an eng 22.000 Aarbechtsplaze schafen. "Esou eppes huet et zanter Disneyland Paris nach net ginn", huet de franséische President gelueft. De Projet wier aus engem Gespréich tëscht dem President an dem Krounprënz am Dezember 2024 zu Riad entstanen, "wéi si hir gemeinsam Leidenschaft fir Mangaen a virun allem Dragon Ball Z" entdeckt hunn, huet eng Beroderin vum Emmanuel Macron nach betount.
De franséische President Macron huet de bin Salam um spéiden Nomëtteg fir diplomatesch Gespréicher empfaangen. Dobäi soll et virun allem ëm déi "regional Erausfuerderungen" am Noen Osten an an der Golfregioun gaange sinn. Dono sollten e puer Wirtschaftsofkommessen ënnerschriwwe ginn.
Frankräich huet an de leschte Joren d'Relatioun mat Saudi-Arbien verbessert. 2025 hu béid Länner zesummen eng international Konferenz zu der Zwee-Staate-Léisung am Noen Osten organiséiert. Eng Libanon-Konferenz, déi béid Länner zesumme geplangt hunn, ass wéinst der ugespaanter Situatioun op onbestëmmt Zäit verréckelt.
E Sonndeg waren de Macron an de bin Salam schonn zesumme beim Ofschloss vum Esports World Cup zu Paräis. D'E-Sport-Meeschterschaft, bei där et héich Präisgelder ginn, gëtt zanter 2022 zu Riad organiséiert. Kritiker reprochéiere Saudi-Arabien, mat Investissementer an den E-Sport säin internationalen Image opbesseren ze wëllen. Wéinst de Konflikter an der Golfregioun gouf d'Evenement dëst Joer op Paräis verluecht.
D'Visitt zu Paräis vum bin Salam huet staark Kritik ausgeléist. Eng Rei Journalistegewerkschaften hunn op déi "direkt Responsabilitéit" verwisen, déi d'US-Geheimdéngschter dem bin Salam bei der Ermordung vum regierungskritesche Journalist Jamal Khashoggi zougeschriwwen hätten. Reporter ouni Grenzen no sinn aktuell 18 Journalisten a Saudi-Arabien am Prisong. Zejoer wieren ausserdeem 356 Leit a Saudi-Arabien higeriicht ginn.