
D’Villa vum Rapper gouf entretemps ofgerigelt, den Täter konnt flüchten. Ob den Drake zum Zäitpunkt vun der Schéisserei am Haus war, konnt vun den Autoritéite bis ewell net confirméiert ginn.
De kanadesche Museker, dee bis ewell mat 5 Grammyen ausgezeechent gouf, liwwert sech den Ament eng hefteg Ausenanersetzung mat sengem Rapper-Kolleeg Kendrick Lamar. Am Verlaf vun dëser hu béid Kënschtler sougenannt “Disstracks” géintenee verëffentlecht, also Lidder, an deene si sech géigesäiteg attackéieren a beleidegen.
Bis ewell ginn et awer keng Hiweiser drop, ob d’Schëss virun der Villa mam Sträit tëschent béide Rapper a Relatioun zu enee stinn.