
Well d’Fra gemengt huet, hir Frëndin géing keng Loft méi kréien a wier kuerz virum erstécken, huet si d’Police zu Neuwied ugeruff.
D’Beamten hunn op der Plaz e puer Mol ouni Succès probéiert ze schellen. Just wéi d’Police d’Dier mat Gewalt wollt opmaachen, stoung d’Fra bemol aläert an der Entrée. Schlussendlech konnten déi net-express Uriff rekonstruéiert ginn. D’Schnaarche vun der Fra an de Mikro war vun hirer Bekannter als “Iwwerliewenskampf” gedeit ginn.