
Wéi et schéngt, sinn d’Wurschten zu Homburg am Saarland immens beléift. An de fréie Moiesstonne gouf e Méindeg e Fleesch-Automat vun enger Metzlerei opgebrach. Een oder méi Onéierlecher hunn eng Partie Wurschte matgoe gelooss. E Schued am véierstellege Beräich soll dobäi entstane sinn.
Dëst ass net déi éischte Kéier, dass zu Homburg Wurschten aus engem Automat verschwonne sinn. Am Juni 2021 war dat nämlech schonn eng Kéier de Fall. Deemools goufe Grillwurschten a Schwenker am Wäert vun 250 Euro geklaut. Den Déif hat sech zwar op engem Ziedel fir d’Dot entschëllegt, ma d’Fleesch zeréckbruecht hat hien awer net.