
Deemno huet de Papp vun engem 13 Joer ale Meedchen e Sonndegowend zu Weilerbach am Landkrees Kaiserslautern en haart Geräisch héieren. Den Dag dono huet de Papp an der Kummer vu senger Duechter eng futtis Fënster an e Projektil aus enger Waff entdeckt.
Den Ermëttlungen no ass d’Patroun duerch eng Jalousie, eng Fënsterscheif an d’Riddo gaangen an ass dunn an der Kummer vum 13 Joer ale Meedchen um éischte Stack leie bliwwen. Zum Zäitpunkt vum Virfall war keen an der Kummer. Der Police no kéint et sech ëm e Schoss vun enger Juegdwaff gehandelt hunn. D’Haus steet nieft engem Feld.