11 Leit am SpidolSchwéier Turbulenze op engem Fluch vun Italien an d'USA

RTL Lëtzebuerg
D'Turbulenze waren esou hefteg, datt op d'mannst eelef Persoune blesséiert an d'Spidol ageliwwert hu misste ginn.
© AFP

Kuerz virun der Landung an der US-Stad Atlanta am Bundesstaat Georgia ass d’Maschinn vun der Fluchgesellschaft Delta, déi aus Mailand koum, a schwéier Turbulenze geroden. U Bord vum Fliger waren 151 Passagéier a 14 Membere vun der Crew. Wéi vill am Ganze beim Tëschefall en Dënschdeg blesséiert goufen, ass aktuell nach net kloer. Sécher ass awer, datt 11 Leit mat Blessuren an d’Spidol koumen. Wéi eng Blessuren dës Persounen awer hunn, ass bis ewell net bekannt.

Wéi et vun engem Spriecher vun Delta heescht, géif d’Prioritéit elo dobäi leien, datt sech ëm d’Clienten an d’Membere vum Equipage, déi blesséiert goufen, gekëmmert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO