Ganz Reien Drauwe sinn hinne geklaut ginn – propper geschnidden an a Këschte gepaakt. 8.000 Kilo, also 8 Tonnen, déi einfach fort sinn. Et ass u sech déi Zäit am Joer, wou all Drauf zielt, kuerz virun der Lies. Mee a Rheinland-Pfalz hunn zwee Wënzer moies misse feststellen: hir Drauwe ware bemol fort.
De Frank Heuchert ass ee vun hinnen a konnt sengen Aen net trauen, wéi en dëst moies entdeckt huet. Déi Onbekannt hu propper mat Maschinne geschafft, näischt vertrëppelt oder futti gemaach. Wat hei kloer ass: do war Erfarung mat am Spill. D’Police huet an dësem Fall natierlech direkt ermëttelt, mee d’Wéngerte leien isoléiert. Zeie ginn et bis ewell nach keng. Fir d’Autoritéiten e Fall mat wéineg Spueren.
Mee wéi ass et hei am Land? Och zu Lëtzebuerg war viru kuerzem d’Lies. Mir hu bei de Wënzer laanscht d’Musel nogefrot, well fir d’Betriber ass all Drauf e Stéck Aarbecht an och Suen. An och wann d’Fäll vu Vol hei zu Lëtzebuerg bis ewell éischter seele waren a scho laang zréckleien – de Risiko, dass esou eppes och hei geschéie kann, dee bleift.