
Um Enn gouf et fir knapp 45 Milliounen Dollar versteet. Domadder ass dat 6 Meter laangt a bal 4 Meter héicht verstengert Skelett elo dat deierst Fossil op der Welt. Et gouf 2022 am Colorado fonnt.
Wien zum Schluss den Zouschlag krut, ass bis ewell net gewosst.