
D’Jugendwuert vum Joer kënnt aus dem Smartphone-Spill “Smash or Pass”, bei deem den Notzer ee Promi ugewise kritt an iwwer ee Wëschen um Bildschierm no riets oder lénks deem seng Attraktivitéit bewäerte kann.
“Smash” kann nieft der eigentlecher Iwwersetzung als “demoléieren” an der englescher Ëmgangssprooch “Sex hunn” bedeiten. “Pass” bedeit iwwregens esou vill wéi “verzichten”.
Mat däitlechem Ofstand koum d’Wuert “bodenlos” mat 33 Prozent op déi zweete Plaz. Dat ass e Synonym fir “mies” oder schlecht. D’Wuert “Macher” koum mat 24 Prozent op déi drëtte Plaz.
D’Jugendwuert gouf an enger dräistufeger Online-Ofstëmmung ausgewielt. Jugendlecher konnte Begrëffer virschloen an an der Suite fir hire Favorit ofstëmmen. D’Wal läit dem Langenscheidt no zanter 2020 komplett an den Hänn vun de Jugendlechen. E Comité suergt just dofir, datt d’Begrëffer keen diskriminéierenden oder sexistesche Bezuch hunn.
Dat viregt Joer war “cringe” zum Jugendwuert vum Joer gewielt ginn.