EntsalzungsanlagenSpuenien geet nei Weeër an der Lutte géint d'Dréchent a Katalounien

RTL Lëtzebuerg
Fir den Asaz vu Waassertankschëffer z'evitéieren, solle sougenannt "Entsalzungsanlagen" virun der Küst vu Barcelona installéiert ginn.
© Hans Lucas / AFP

Dëst fir d’Mierwaasser ze filteren. Eng Korrespondenz aus der katalanescher Haaptstad vum Christelle Brausch.

Entsalzungsanlage fir Katalounien - Eng Korrespondenz vum Christelle Brausch

Zenter méi wéi engem Joer huet Katalounien mat der schlëmmster Dréchent ze kämpfen, déi jee enregistréiert gouf. Bis elo sinn d’Restriktiounen ëmmer just méi schlëmm ginn an et huet een och immens un der Vegetatioun gesinn, dass et seriö ass. Wärend mir Awunner just op méi Ree gehofft hunn, huet d’katalanesch Regierung sech de Kapp zerbrach, wat se maache kann, fir der Situatioun entgéintzewierken.

Virum Hafe vu Barcelona gëtt elo eng Entsalzungsanlag am Mier installéiert an nach weider 12 mobil Installatioune fir déi nërdlech Regioun vun der Costa Brava.

“Den Transport vu Waasser iwwer Schëffer ass leider keng Optioun méi, d’Entsalzung ass méi effizient, méi bëlleg a virun allem méi nohalteg”, sou de Minister fir Klimapolitik David Mascort.

D’Anlag zu Barcelona produzéiert ëm déi 40.000 m3 Waasser pro Dag. Dat entsprécht 6% vum Verbrauch vun der Stad. Waassertankschëffer kéinte beispillsweis just 25.000 m3 pro Dag transportéieren.

Den Hafe vu Barcelona ass prett fir d’Entsalzungsanlag an den Uschloss un d’Pipeline gouf och scho geluecht. Dat gefiltert Waasser gëtt an engem Zwëschespäicher gelagert, deen am Juni operationell soll sinn. Déi ganz Installatioun soll allerdéngs eréischt fir den nächsten Noutstand an den Asaz kommen, wat fréistens am Oktober de Fall wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO