
Wien deemnächst Vakanz op Mallorca oder op anere beléiften Touristendestinatioune mécht, muss méiglecherweis op dat beléifte Summergedrénks Sangría verzichten. Och aner Gedrénks kéint fir eng bestëmmten Zäit vun der Kaart verschwannen. Grond ass, dass d’Äiswierfelen ëmmer méi knapp ginn. D’Nofro ass wéinst der aktueller Hëtztwell grouss, ma gläichzäiteg explodéieren d’Präisser. D’Produktiouns-, Lagerungs- an Transportkäschte sinn nämlech drastesch geklommen.
Am Interview mat der spuenescher Zeitung El Mundo huet den Entrepreneur Miguel Ángel Vázquez Gavira, och bekannt ënnert dem Spëtznumm „Rey del Cubito” (op Lëtz. “Kinnek vun den Äiswierfelen”), gesot, dass hien all Dag verzweiwelt Uriff vu Clientë géing kréien. Esou eppes hätt hien nach ni erlieft. “An dat Schlëmmst kënnt nach. Déi nächst Woche wäerten dramatesch sinn”, sou de spueneschen Entrepreneur.
Dass Äiswierfelen a Spuenien Mangelwuer sinn, weist och e Bléck an d’Killtruen an de Supermarchéen. Ob Barcelona, Madrid oder Spuenien: d’True si quasi ëmmer eidel.
Aus der Branche heescht et, dass d’Nofro dëst Joer bei aacht Millioune Kilo Äiswierfele pro Dag läit. Normalerweis sinn et der ëm véier. Pro Dag géingen awer just zwou Millioune Kilo Äiswierfele produzéiert ginn. De Präis hätt sech zum Deel versechsfacht.