Wéinst chinesescher RakéitSpuenien huet um Freideg gréisser Deeler vu sengem Loftraum gespaart

RTL Lëtzebuerg
Dëst, well Deeler vun der chineesescher Rakéit, déi de leschte Modüll vun der chineesescher Raumstatioun op Orbit bruecht huet, op d'Äerd falen.
© AFP

Fir ronn 40 Minutte bis zum deel dräi Stonne konnten e Freideg de Moie keng Flich zu Barcelona, Tarragona, Ibiza a Reus starten oder landen.

De Grond dofir ware Stécker vun der chinesescher Rakéit vum Typ “5B Y4", déi onkontrolléiert zeréck op d’Äert falen. D’Rakéit war Ufank der Woch gestart, fir dat lescht Modüll vun der chinesescher Raumstatioun “Tiangong” op Orbit ze bréngen. Bei dësem Typ vu Rakéit ass anescht, wéi bei anere moderne Rakéiten, kee kontrolléiert Eroffale virgesinn. Amplaz fléien d’Deeler deeglaang ëm d’Äert a ginn dobäi lues a lues erof. Zwar verbrennen déi meeschten Deeler vun der Rakéit wärend dësem Prozess, ma well den Objet awer esou grouss ass, wäerten Iwwerreschter dovun op d’Äerd eroffalen.

Et ass duerchaus méiglech, datt och Flich, déi vum Luxairport fortgaange sinn oder op Lëtzebuerg sollte fléien, duerch dësen Tëschefall Verspéidung wäerte kréien.

Back to Top
CIM LOGO