Fréie WanterStaarke Schnéi suergt fir Chaos a Freed uechter Europa

Jeannot Ries
Pünktlech fir den éischten Advent suergt kräftege Schnéi a groussen Deeler vun Europa fir Accidenter a Stauen, wärend an den Alpen déi éischt Schi-Pisten hir Dieren opmaachen.
Fréie Wanterabroch: Staarke Schnéifall suergt fir Chaos a Freed
Pünktlech fir den éischten Advent suerge kräfteg Schnéifäll a groussen Deeler vun Europa fir Accidenter a Stauen.

De Wanter 2026-27 ass fréi un

Pünktlech fir den éischten Advent hunn d'Alpen eng éischt, hefteg Offensiv vum Wanter erlieft. Vu Frankräich bis erop an Tschechien ass et wäiss. D'Schwäizer Süd-Alpe melle bannent kuerzer Zäit annerhallwe Meter Neischnéi. An der éisträichescher Haaptstad Wien hätt et iwwerdeems zanter iwwer 40 Joer net méi sou fréi am Joer esou vill geschneit, ewéi en Donneschdeg.

Eng 15 bis 20 Zentimeter Neischnéi an Éisträich. Dat ass u sech näischt Aussergewéinleches. Wann déi, wéi en Donneschdeg schonn Enn November an der Haaptstad Wien falen, da sinn um Enn awer vill Mënschen iwwerrascht.

Iwwerdeems déi Kléng hire Spaass haten, huet déi wäiss Pracht vill Erwuessener awer äiskal erwëscht. Vill Chauffeuren haten nach kee Wanter-Equipement wéi Schnéiketten derbäi. Respektiv hätte si sech net méi drun erënnert, wéi een déi opleet, sou de Markus Rammel vun der Verkehrspolizei Niederösterreich.

Net just an Éisträich koum et zu kilometerlaange Stauen a villen Accidenter. An der Schwäiz koum et bei Zürech zu enger Massekarambolage mat 37 Gefierer. Verschidden Haaptstrecken hu misse wärend Stonne gespaart ginn.

Éischt Schi-Piste sinn op

Déi gutt Nouvelle ass déi, datt de Schnéi op de Bierger leie bleift. An de Bierger huet op enger Rei Platzen elo schonn Enn November d'Saison ugefaangen.

An de franséischen Alpes-de-Haute-Provence sinn d'Schnéifraisen nees am Asaz. De frësche Schnéi aus de leschte Stonne gëtt wéi Gold behandelt. 14 Deeg iert zum Beispill um Foux D'Allos d'Saison ufänkt. Eng Nouvelle, déi bei den Adepte vum Schifueren, fir fréizäiteg Begeeschterung suergen dierft.

Um Ursprong vum Ganzen ass ee sou genannte Genua-Déif.

Fiicht Loftmassen si vum Mëttelmier aus erop an Direktioun Nord-Oste gezunn a sinn do op äiskal Loftmasse gestouss. Déi fiicht Loft huet sech um Niveau vun den Alpe gestaut. Mam Resultat, datt eebe ganz fréi an der Saison an der Südschwäiz bis zu aner-hallwe Meter Schnéi gefall sinn.

Back to Top
CIM LOGO