
D’Liewensmëttelproduzente Kraft Heinz, Mondelez a Coca-Cola gi vun der Stad San Francisco verklot. Si hätten d’Awunner vu Kalifornien wëssentlech mat Produite krank gemaach, déi süchteg maachen a schiedlech sinn. An der Klo gëtt hinne virgehäit, si hätten Takticke benotzt änlech deene vun der Tubaksindustrie, fir de Konsument ofhängeg ze maachen.
“Dës Konzerner hunn eng gesondheetlech Kris erbäigefouert, si hu gutt dru verdéngt a mussen elo d’Verantwortung fir hir verursaachte Schied iwwerhuelen”, esou den Affekot David Chiu, deen déi kalifornesch Stad vertrëtt.
Et ass déi éischte Klo vun dëser Aart, an där Liewensmëttelproduzente virgehäit kréien, wëssentlech schiedlech Iesswuere vermaart ze hunn. Doduerch wier d’Heefegkeet vu Obesitéit, Kriibs an Diabetes geklommen, heescht et an der Klo.
D’Stad San Francisco fuerdert Schuedenersatz fir d’Gesondheetskäschten ze decken, an eng geriichtlech Direktiv, fir de Marketing ze verbidden, mat deem d’Clienten iergeleet ginn.