PerseidenStäreschnäizen dës Woch iwwer Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joers am August kann een eng Onmass vu Stäreschnäizen um Himmel iwwer Lëtzebuerg gesinn, virausgesat d'Wieder spillt mat.

Tëscht dem 9. an dem 13. August wieren der immens vill do, mam Héichpunkt an der Nuecht vum 12. op den 13. August. Dobäi si Stäreschnäizen näischt aneres wéi Stëbspartikelen, déi an d’Äerdatmosphär erakommen an da vergléien. Dësen ominéise Stëbs kënnt vum Koméit 109P SWIFT-TUTTLE, engem Koméit, deen een als grouss Schnéiklatz oder Äisklatz mat vill Stëbs a Gas ëmschreiwe kann.

Op sengem Wee bei d’Sonn gëtt dësen erwiermt a fänkt dann u mat schmëlzen. Dobäi verléiert hien niewent Waasser a Gas och Stëbs, deen dann um Orbit erhale bleift. All Joers am August kräizt eis Äerd dann dem Koméit seng Ëmlafbunn, an engem Spektakel, dat een d’"Perseiden-Schauer” nennt: De Stëbs geréit mat 70 Kilometer an der Sekonn an eis Atmosphär a vergléit duerch d’Reiwung, wouduerch dann eng Stäreschnäiz entsteet.

Leit, déi dëse Moment gäre mat Fotoe festhale wëllen, musse sech dëst Joer allerdéngs ferm drunhalen, well si hunn ee Géigespiller, deen hinnen e Stréch duerch d’Rechnung maache kéint. Beim Géigespiller handelt et sech ëm de Vollmound, deen den 12. August um Nuetshimmel ze gesi wäert sinn. Duerch seng Luucht riskéiert dësen d’Vue op d’Stäreschnäizen ze stéieren.

Back to Top
CIM LOGO