
Nodeems de Start e Méindeg wéinst technesche Problemer ofgesot gouf, sollt d’Nasa-Rakéit jo e Samschdegowend 20.17 Auer Lëtzebuerger Zäit an den All fléien. Wéi d’US-Weltraumautoritéite matdeelen, muss de Start eng weider Kéier verréckelt ginn. Schold ass e klengt Lach, dat an engem Rouer entdeckt gouf, duerch dat ronn dräi Millioune Liter Waasserstoff a flëssege Sauerstoff sollen an d’Tanke gepompelt ginn.
Éier en neien Datum festgeluecht gëtt, mussen alleguerten d’Donnéeën ausgewäert an de Problem behuewe ginn, deelt d’Nasa mat.
Den 29. August hate sech vill Leit am Kalenner ugekräizt. Et sollt nämlech déi éischte Kéier zanter 50 Joer sinn, dass d’Nasa nees eng Rakéit a Richtung Mound schéckt. Deementspriechend waren deen Dag och eng sëllege Fans beim Kennedy Space Center um Cape Canaveral a Florida sur place, fir de Start live matzëerliewen. D’Enttäuschung war deementspriechend grouss, wéi d’offiziell Nouvelle koum, dass d’Rakéit net starte kéint.
D’Nasa hat gemellt, dass e Sensor mat technesche Feeler am Killsystem vun der Rakéit Haaptursaach war, fir de Start ofzebriechen. An engem vun de véier Motore gouf eng ze héich Temperatur gemooss. Dobäi kennt dann nach, dass de Sensor net op der Startramp gewiesselt konnt ginn. Schlussendlech koum dunn awer eraus, dass de Sensor falsch Informatioune geliwwert huet. Den neie Startversuch war fir e Samschdegowend virgesinn.
Den Artemis-Programm ass 2019 vum deemolegen US-President Donald Trump an Optrag bruecht ginn a gouf och ënnert der Regierung vum Joe Biden weidergeféiert.
Bei dëser Testmissioun soll d’Artemis 1 ronderëm de Mound fléien. De Fluch bis an den Orbit vum Mound soll ronn zwou Wochen daueren. No sechs bis aacht Deeg am Orbit soll d’Orion-Kapsel dann erëm a Richtung Äerd fléien an no insgesamt 39 Deeg am Pazifik landen.
Mënsche wäerte bei dësem Fluch keng u Bord sinn. Den nächste bemannte Moundfluch ass fir fréistens 2025 virgesinn. Da sollen Astronautinnen an Astronaute mat der Artemis 2 ronderëm de Mound fléien, änlech wei beim Fluch Apollo 8 am Joer 1968. Nach am nämmlechte Joer sollen da véier Persoune mat der Artemis 3 um Mound landen.
De But vun der Missioun soll virun allem d’Erfuerschung vun der Mounduewerfläch sinn.