Dendermonde an der BelschStudent fënnt Schatz mat Wäert a Milliounenhéicht op engem Chantier

RTL mat Enex
Bei Renovatiounsaarbechten ass engem Student op eemol eppes opgefall. Um Ufank hat hien nach gemengt, et géing sech ëm gewéinlech Euro-Mënzen handelen.

An der flamännescher Gemeng Dendermonde an der Belsch huet e Student bei sengem Niewenjob eng spektakulär a wäertvoll Entdeckunge gemaach. De Kobe Phillips schafft niewebäi fir eng Baufirma, déi sech den Ament ëm d'Renovatioun vun engem historesche Gebai këmmert. Ma bei senger Aarbecht ass him op eemol eppes opgefall:

"Beim Gruewen hu mer op eemol eppes gesinn do leien. Ech hunn als éischt geduecht, et wieren Euro-Mënzen. Ma wéi mer d’Saachen ausgegruewen hunn, hu mer gesinn, dass et sech ëm Gold handelt. An et war es dann och vill méi, wéi mer um Ufank geduecht hunn."

50 Goldbarren an honnerte Mënz waren et um Enn, alleguer mat enger Rengheet vun 99 Prozent. Gesamtwäert? Ronn néng Milliounen Euro. Op de Barren war dann och d'Joer, an deem se gegoss goufen, an d'Wope vun der brittescher Bank "Rotschild & Sons" agravéiert.

D'Gebai gouf 1899 vun der Famill Van Assche gebaut. Dës war duerch d'Brauerei mam nämmlechten Numm zu groussem Wuelstand komm.

D'Gold gouf un déi zoustänneg Autoritéite ginn an d'Aarbechten um Chantier ginn elo ganz normal weider.

Back to Top
CIM LOGO