Viru kroatescher InselTaucher recuperéieren Netzer a Falen aus dem Mier

RTL Lëtzebuerg
Virun der Insel Molat a Kroatien läit enorm vill aalt Material fir ze Fëschen am Waasser.
Netzer a Fëschfalen am kroatesche Mier
D’Küste ronderëm Kroatien si voll mat Netzer a Falen, dës gi vun Daucher aus groussen Déiften nees erausgeholl an dat verknaschte Gebitt sou gebotzt.

Taucher recuperéieren d’Material a bréngen dëst mat der Hëllef vu Ballonen, an deene Sauerstoff ass, un d’Uewerfläch. Dës Initiativ gëtt vum World Wide Fund for Nature a vu lokalen NGOen ënnerstëtzt.

Dës Dauchgäng sollen nach déi nächst 3 Joer gemaach ginn. Weideres gitt Dir am Videoreportage gewuer.

Back to Top
CIM LOGO