Besonneschen NowuessTaylor Lautner + Taylor Lautner = Taylor Lautner

Tom Nols
De Star aus der Serie "Twilight" a seng Fra, déi dee selwechten Numm dréit wéi hien, sinn Eltere ginn. Hiert Kand heescht, op d'mannst mat zweetem Virnumm, och Taylor.
Den Taylor Lautner a seng Fra Taylor Lautner hunn hiert Meedchen (Lennon) Taylor Lautner genannt.
Den Taylor Lautner a seng Fra Taylor Lautner hunn hiert Meedchen (Lennon) Taylor Lautner genannt.
© KEVIN WINTER/Getty Images via AFP

Den US-amerikaneschen Acteur Taylor Lautner a seng Fra, déi d'selwecht heescht wéi hien, hunn hiert éischt Kand kritt. Op de soziale Medien hu si annoncéiert, dass hir Duechter de 16. September op d'Welt komm ass a Lennon Taylor Lautner heescht. Mat zweetem Virnumm heescht d'Kand also d'selwecht wéi seng Elteren.

D'Koppel hat am Fréijoer bekannt gemaach, dass si géingen e Kand erwaarden. Deemools hate se op Instagram geschriwwen: "Wat ass besser wéi zwee Taylor Lautner?". De Star aus der Serie "Twilight" hat viru véier Joer a Kalifornien seng Frëndin Taylor Dome bestuet, déi duerno säin Numm ugeholl hat.

Back to Top
CIM LOGO