"Manchester ass rout"Thailännesch Police mécht de Geck mat ManCity-Fan

Tom Nols
Nodeems de City-Fan an Thailand wéinst Drogekonsum festgeholl gi war, huet déi lokal Police sech en ongewinnte Spaass mat him erlaabt.
Wat de Pep wuel hält vun der Aktioun?
Wat de Pep wuel hält vun der Aktioun?
© FREDRIK VARFJELL/AFP

E Fan vu Manchester City hat sech an Thailand den Derby géint United op der Tëlee ugekuckt. Warscheinlech aus Frust iwwer d'0-2-Néierlag hat hien duerno Droge consomméiert a war vun der Police erwëscht ginn. Sou wäit, sou schlecht.

D’Beamten hu bei him eng Partie illegal Pëlle fonnt an hie mat op de Büro geholl. Do gouf eng Verhaftungsfoto vun him gemaach - allerdéngs eng ongewinnten. Fir den drogéierte City-Fan duebel ze bestrofen, hu sech dräi Polizisten an engem Trikot vu Manchester United hannert hie gestallt.

Dat Bild hunn d’Beamten duerno op de Soziale Medien verëffentlecht an drënner geschriwwen: “MANCHESTER IS RED”

Back to Top
CIM LOGO