NorwegenTram fiert riicht an ee Geschäft am Zentrum vun Oslo

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass en Tram an der norwegescher Haaptstad Oslo entgleist a koum eréischt an der Fënster vun engem Buttek zum Stoen.
© NTB/AFP/Ole Berg-Rusten

Wéi d’Police matdeelt wiere bei dësem Virfall véier Mënsche blesséiert ginn. 20 Persoune wieren zum Zäitpunkt vum Accident u Bord gewiescht. “Eis goufe véier Blesséierter gemellt, dorënner de Chauffer vun dem Tram, deen entgleist ass, ier en an de Buttek gefuer ass”, huet et vun der Police geheescht.

De Virfall wier zu Storgata gewiescht, enger vun den Haapt-Verkéiersachsen am Zenter vun Oslo. E Grupp vu Leit huet sech nom Accident virum Geschäft, an deem ënnert anerem Apple-Produite verkaaft goufen, versammelt, fir sech den ongewinnten Ubléck méi genee unzekucken.

Un tramway fou fonce dans un magasin à Oslo
Un tramway a déraillé mardi à Oslo et fini sa course encastré dans un magasin en plein centre-ville d’Oslo.

Back to Top
CIM LOGO