
Dat no 2 Joer Pandemie-bedéngter Paus. Déi éischt Plaz goung dobäi un d’Police-Héichschoul vu Wittlich. Déi zweet an drëtt Plaz konnte sech d’Schwäizer Bundesamt fir Douanes- an Zollsécherheet, respektiv d’Tréierer Policeinspektioun sécheren.
Bei der Competitioun, déi en Donneschdeg ofgehale gouf, sinn am Ganze 27 Ekippen aus Däitschland, der Belsch, England, der Schwäiz, den USA an och Lëtzebuerg ugetrueden.
Am Kader vum Evenement goufen och Suen an Héicht vu 600 Euro gesammelt, déi un d’Affere vun der Eifeler Wiederkatastroph 2021 gespent ginn.