Eng Geschicht wéi am Billerbuch. Mat 32 Joer bemierkt si bemol, dass hir d‘Hoer ausfalen. D‘Krankheet Alopécie Universelle gëtt diagnostizéiert, bei där een all d’Hoer vum Kapp a Kierper verléiert. D’Véro, wéi hir Frënn si nennen, fänkt komplett vu vir un a geet an en Tattoostudio op Krefeld schellen. Eng Etapp an hirem Liewen, déi net just en Neistart war, mee hatt och zu sengem Dramberuff bruecht huet.
Am Kader vun der Serie “Neistart” ware mir d’Véronique a seng Famill op Krefeld besichen.