
De Präis fir zejoert, géif dem Verbraucherschutz no kloer un d’Gedrénks “Granini Trinkgenuss Orange” vun der “Eckes-Granini Deutschland GmbH” goen. Dëst hätt bal d’Hallschent vun de Stëmme kritt.
“Eckes-Granini” hätt zejoert d’Hallschent vum Orange-Jus am Gedrénks duerch Zockerwaasser ersat. Doduerch géif de Konsument elo duebelt esou deier bezuelen, fir déi nämmlecht Quantitéit u Jus ze kréien.
Wéi et vum Produzent heescht, hätt een decidéiert, den Undeel vum Orange-Jus am Gedrénks ze reduzéieren, fir de Präis vum Gedrénks trotz de geklommene Präisser an der Knappheet vun den Orange wéinst de schlechte Recolte vun zejoert stabil ze halen.