
Wärend d’Universitéit lescht Joer nach ënnert den Top 300 Héichschoule war, ass se elo ënnert den 250 beschten.
Un der Spëtzt bleift déi brittesch University of Oxford, suivéiert vun Harvard aus den USA.
Fir déi europäesch Universitéite gouf et gemëscht Resultater, mat enger ganzer Rei Top-Unien aus Frankräich, Holland, Schweden, Finnland, Norwegen an Irland, verschiddener, déi am Klassement gefall, respektiv geklomme sinn.
Et sinn allerdéngs besonnesch d’Unien aus dem asiatesche Raum déi zouleeë konnten. Mat 669 Universitéiten am Klassement, konnt Asien dëst Joer nämlech och Europa mat senge 639 Héichschoulen iwwerhuelen. Dës weidere befanne sech entretemps dräi asiatesch Universitéiten an den Top 20, aus Kontinentaleuropa ass et mat der ETH Zürich nëmmen eng.
De komplette Klassement kann ee sech op timeshighereducation.com ukucken.