EtüdUnzuel a Verméige vu Millionäre weltwäit op engem neien Héchststand

RTL Lëtzebuerg
Aarm gëtt méi aarm, räich gëtt méi räich. Wat vill Leit denken, ënnersträicht eng nei Etüd quasi nach emol.

Weltwäit gouf et nämlech nach ni esou vill Millionäre wéi elo an hiert Verméigen ass och nach ni esou grouss gewiescht, wéi elo. Dat seet op d’mannst emol eng nei Etüd vun der franséischer Berodungsfirma Capgemini, déi e Mëttwoch publizéiert gouf.

D’Zuel vu Mënschen, déi nom Ofrechne vum Wäert vun hirem Haaptwunnsëtz, iwwer e Verméige vun op d’mannst enger Millioun Dollar verfügen, ass d’lescht Joer ëm 5,1 Prozent op 22,8 Milliounen an d’Luucht gaangen, wéi aus der Etüd ervirgeet. Hiert Gesamtverméigen ass deemno ëm 4,7 Prozent op 86,8 Billiounen Dollar geklommen.

D’Firma Capgemini huet hir Berechnungen op Basis vu statisteschen Auswäertungen an 71 Länner zanter 1997 opgestallt. Béid Wäerter hunn deemno en neien Héchststand erreecht. Am Joer 2022 hunn déi räichst Mënschen op der Welt dee stäerkste Wuelstandsverloscht gehat zanter 10 Joer, och dat geet aus der Etüd ervir.

D’Hausse vun de Verméigen am Joer 2023, sou wéi de Contraire d’Joer virdrun, ass op d’Entwécklung op de Bourssen zeréckzeféieren. Der Etüd no si vill Aktien am Zesummenhang mam Tech-Marché geklommen, ugedriwwen duerch déi allgemeng Begeeschterung fir KI an hir potentiell Auswierkunge op d’Ekonomie.

Dee stäerksten Zouwuess bei der Zuel vu Millionäre gouf et mat 7,1 Prozent an Nordamerika. Do ass d’Verméigen ëm 7,2 Prozent geklommen.

Esou Etüden, iwwer d’Héicht vu Verméigen a parallel dozou eng Hausse bei den Ongläichheeten, loossen natierlech d’Debatten iwwer Gerechtegkeet bei der Besteierung nei opflamen. Brasilien a Frankräich hu jo am Kader vun den G20-Staate gefuerdert, datt eng global Mindeststeier op déi gréisste Verméigen op der Welt ageféiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO