
D’Sängerin huet e Samschdeg Biller op hire Social-Media-Plattforme verëffentlecht, wéi si vu Beamte befrot gëtt. D’Police huet dëst géintiwwer der AFP confirméiert, allerdéngs just gesot, et géif sech ëm eng 41 Joer al US-Biergerin handelen. D’Identitéit wollte si net bestätegen.
Dat géif och ni gemaach ginn, onofhängeg ëm wien et geet, sou de Robert Kapel, Spriecher vun der zoustänneger Police an Holland. D’Fra hätt wëllen Drogen an en anert Land exportéieren. Dat ass illegal.
D’Nicki Minaj huet op X erkläert, datt d’Autoritéite Cannabis am Handgepäck fonnt hätten. Der Rapperin no géifen d’Drogen engem vun hire Sécherheetsmataarbechter gehéieren.
Den US-Star war um Wee op e Concert a Groussbritannien, deen e Samschdeg den Owend war. Op X huet si nach geschriwwen, dass si misst op de Policebüro, fir do eng Ausso ze maachen. D’Sängerin huet reprochéiert, dass d’Autoritéite si express géien ze spéit komme loossen, “sou dass si negativ Geschichten” iwwer si kéinte schreiwen.
Vill Leit mengen, dass zu Amsterdam Droge legal sinn. Déi weltberüümt Coffeshoppen, déi tatsächlech och Cannabis verkafen, sinn och e groussen Unzéiungsmagnéit fir vill Consommateuren.
Technesch gesinn, ass de Konsum vu klenge Quantitéiten an Holland illegal, awer d’Police hat d’Gesetz am Kader vun enger “Toleranz"-Politik, déi zanter 1970 gëllt, net duerchgesat.