
Et gi Plazen, wou et antëscht verbueden ass, Fotoen ze maachen, fir Reesender do virdrun ze schützen, sech fir e Schnappschoss a Gefor ze bréngen. Um Vulkan Vesuv an der Géigend vun der italieenescher Groussstad Neapel hunn net emol Ofspärungen en US-Amerikaner doru gehënnert, fir e Selfie säi Liewen ze riskéieren.
D’Wanderung op d’Spëtzt vum Vulkan war ouni Problemer verlaf, ma bei der Foto um Bord vum Krater gouf et geféierlech: E Samschdeg war en 23 Joer ale Mann mat dräi weidere Familljememberen op de Vulkan gewandert. Dobäi huet d’Famill wuel en ofgespaarte Wee geholl. Wéi den US-Tourist dunn um Bord vum Krater e Selfie maache wollt, ass säin Handy an de Vulkan gefall. Beim Versuch, den Telefon erauszehuelen, ass hien ofgerëtscht.
Tourguiden hunn de Mann schlussendlech aus dem Krater erausgezunn. Hie gouf wéinst Schréipsen un den Äerm an um Réck behandelt, huet de Virfall awer onverwonnt iwwerstanen - op d’mannst kierperlech. D’Famill muss sech elo wéinst illegalem Accès veräntwerten. Si wiere wuel och ouni valabel Ticketen op den Terrain gaangen.