Dagestouriste musse weiderhi bezuelenVenedeg setzt Entréestax op 10 Euro erop

RTL Lëtzebuerg
10 Euro op de Kapp kascht et, wann ee fir e puer Stonne op Venedeg wëll. Dat awer nëmmen a bestëmmten Zäitraim, soss bleift déi italieenesch Stad gratis.
© Andrea Pattaro / AFP

De Buergermeeschter Brugnaro huet en Donneschdeg offiziell annoncéiert, datt Dagestouriste vum nächsten Abrëll u bis zu 10 Euro musse bezuelen. Wien op d’mannst 4 Deeg am Viraus reservéiert, bezilt 5 Euro. Ausgeschloss sinn Touristen, déi an der Stad iwwernuechten a Kanner ënner 14 Joer.

D’Tax soll op 54 Deeg fälleg ginn. Dat ronderëm Ouschteren a vu Mee bis Enn Juli ëmmer de Weekend. Déi meescht Zäit bleift Venedeg also gratis.

Et wëll een eppes géint de Massentourismus ënnerhuelen. Dowéinst hat Venedeg als éischt Stad op der Welt dëst Joer eng Entréestax agefouert. Iwwer zwou Milliounen Euro ware mat den Entréeën erakomm. D’Zuel vun de Visiteure krut een domat awer net reduzéiert. Op verschidden Deeg goufen iwwer 25.000 Dagestouriste registréiert. Eng 15 Millioune Mënsche kommen all Joer op Venedeg. Mat der Hausse vun der Tax erhofft ee sech elo, de Massentourismus méi limitéieren ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO