
Verfierft d’Haut sech, wann een ze vill Muerten ësst?
Tatsächlech ass dëst méiglech. D’Muert ass voll vu Beta-Carotin, engem Nierstoff, deen am Kierper a Vitaminn A ëmgewandelt gëtt. Dëse Vitaminn ass wichteg fir d’Haut a soll souguer den Teint vum Mënsch beaflosse kënnen. Dat gouf vun Hautdoktere confirméiert.
Consomméiert ee Muerten oder aner Geméiszorte mat engem héijen Undeel u Beta-Carotin, esou kann d’Haut méi giel oder rout wierken. Dohier kënnt d’Rumeur, dass een duerch Muerten eng méi brong Haut kritt. Et muss een awer immens vill Muerten iessen, fir dass dëst Auswierkungen op d’Haut huet, déi ee wierklech gesi kann, esou Experten.
Immens vill Muerten huet déi lescht Joren och déi jonk Fra Dena Rendall, déi a Schottland lieft, giess. Si erzielt an diversen Interviewe selwer, dass si op d’mannst 10 Muerten den Dag ësst an doduerch dat ganzt Joer iwwer e gudden Teint huet, ouni mussen an e Solarium ze goen.
Besser gesinn duerch d’Wuerzel?
Nieft den Auswierkungen op den Teint, soll d’Wuerzel och gutt fir d’A sinn. Och dës Rumeur stëmmt. An erëm eng Kéier ass Beta-Carotin den Ausléiser. De Vitaminn A, deen doraus entsteet, ass gutt fir d’A a verbessert besonnesch d’Siicht vum Mënsch an der Däischtert. Dëse Vitaminn suergt dofir, dass d’Netzhaut am A méi Liicht ophuele kann an doduerch gesäit een an der Nuecht besser. Muerte verbesseren also net onbedéngt d’Vue allgemeng, kënnen engem an der Däischtert awer hëllefen.
Dës Rumeur soll bis an d’Zäit vum Zweete Weltkrich zeréckgoen. Fir an der Nuecht zilorientéiert Ugrëffer duerchféieren ze kënnen, hunn d’Englänner deemools e Bordradar fir Fligeren entwéckelt. Fir de Feinden näischt dovunner ze verroden, sollen d’Englänner behaapt hunn, dass hir Pilote vill Muerten iessen an doduerch nuets besser gesinn, a méi genee zilen. Dëst huet sech dunn ëmmer weider verbreet.
____________________________________________________
An eisem neie Format “Hätt Dir dat gewosst?” beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi ee sech einfach mol am Alldag stellt.
Dir hutt eng Fro, da schéckt eis se hei eran.