BASFVerméige vu Milliounen-Ierwin gëtt u 77 Organisatioune verdeelt

RTL Lëtzebuerg
E Rot aus 50 Biergerinnen a Bierger huet iwwert d'Verdeelung vum Verméige vun der éisträichescher Milliounen-Ierwin Marlene Engelhorn decidéiert.

Et goung drëm, déi ronn 25 Milliounen Euro ze verdeelen. Déi kommen elo 77 verschiddenen Organisatiounen zegutt, déi an de Beräicher Klima an Ëmwelt, Gesondheet, Soziales, grad ewéi Integratioun a Bildung aktiv sinn.

D’Marlene Engelhorn ass Famill mam Grënner vum däitsche Chemie-Konzern BASF, dem Friedrich Engelhorn. Déi 32 Joer jonk Madamm Engelhorn ass Matbegrënnerin vun der Initiativ “Tax me now”, déi sech fir e méi héicht Besteiere vu räiche Leit asetzt.

Am Januar hat si ugekënnegt, 90% vun hirem Ierwen ze verschenken. E Grupp vu 50 Leit am Alter tëscht 17 a 85 Joer huet bei 6 Rendez-vousen tëscht Mäerz a Juni zu Salzburg decidéiert, wéi d’Verméige soll opgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO