Kritt net dat Moiesiessen, wat hie wëllVerurteelte Mäerder klot géint australesche Bundesstaat

RTL Lëtzebuerg
Well hie moies kee Vegemite fir op d'Schmier kritt, zitt en australesche Prisonéier elo viru Geriicht.
© DAVID GRAY / AFP

Vegemite ass fir den Andre McKechnie e “Mënscherecht” an dowéinst zitt de verurteelte Mäerder elo och viru Geriicht. Hie krut nämlech bis ewell dëse Produit, deen ee wéi Nutella op d’Brout ka schmieren, am Prisong net ugebueden.

A senger Plainte argumentéiert de McKechnie, datt Vegemite en Deel vu senger Kultur wier. An an der Mënscherechtsdeklaratioun vum Bundesstaat Victoria steet dran, datt ee kengem virenthalen dierft, seng Kultur ze liewen.

Wärend Vegemite an Australien ganz beléift ass a bei ville Leit beim Moiesiessen einfach dozou gehéiert, ass d’Past, déi aus Hief gewonne gëtt, eng richteg “affaire de goût”. A Schweden nämlech fënnt ee Vegemite och... Am Musée fir “eeklegt Iessen”.

Back to Top
CIM LOGO