
Ausgangs Juli hat e Schëld op der A4/B40 nawell fir vill Geläschter an de Medien an an de soziale Medien gesuergt. Dem neie Schëld um neie Contournement bei Esch no wier een nämlech op “Audin-le-Tiche” gefuer.
D’Uertschaft direkt hanner Esch heescht awer “Audun-le-Tiche”, an dat och elo neierdéngs um Schëld op der Liaison Micheville.
Duerch de Sticker, deen de Feeler behuewen huet, ass dann och elo sécher gestallt, datt jiddereen, deen op “Däitsch-Oth” wëll fueren, d’Uertschaft hannert der franséisch-Lëtzebuerger Grenz och fënnt ...
RTL-News: Do stëmmt eng net - Schreiffeeler op neiem Schëld op der Liaison Micheville