Internet-Phänomen "Cash Catch"Wann d'Suen einfach op der Strooss leien

RTL Lëtzebuerg
Hannert dem Instagram-Profil "Cash Catch" stiechen zu Lëtzebuerg zwee jonk Männer, déi sech ameséieren, Suen am Grand-Duché ze verstoppen.
Internet-Phänomen "Cash Catch"
Wann d’Suen einfach op der Strooss leien.

Wann ee Sue verléiert, ass dat iergerlech. De Glécklechen, dee se fënnt, freet sech natierlech. Zu Lëtzebuerg geschitt dat Zweet a leschter Zäit méi dacks. Mä hei landen d’Schäiner express an der Ëffentlechkeet. Um Internet geet aktuell de Phänomen “Cash Catch” viral. D’Spill ass eng Zort modern Schnitzeljuegd mat richtege Suen an engem reellen Impakt op d’Liewen.

Ursprénglech kënnt d’Iddi aus Holland, ass dunn an d’Belsch gaangen an zanter engem gudde Mount gëtt et “Cash Catch” och zu Lëtzebuerg. Hannendru verstoppe sech de Mago an nach e Kolleeg vun him. An der Tëschenzäit hu si ronn 500 Euro verstoppt, no deene sech hir gutt 17.000 Follower op d’Sich kënne maachen.

Wisou maachen déi zwee dat? Hir Haaptmotivatioun wier et, fir de Leit eng Freed ze maachen, fir si ze beschäftegen, a fir si dozou ze motivéieren, hir Wunneng ze verloossen, an d’Land ze entdecken. Aktuell kommen d’Suen, déi si verstoppen, allerdéngs nach aus hirer eegener Täsch. An Zukunft wëlle si dofir mat lokalen Entreprisë collaboréieren a Sponsore fannen. Da kéinte si och emol méi grouss Zommen oder aner flott Präisser verstoppen.

Meeschtens fannen d’Leit d’Schäiner schonn no wéinege Minutten. Dowéinst wollten déi zwee Kolleegen d’Sich wärend eisem Tournage e bësse méi komplizéiert maachen. Ob dat geklappt huet, gesitt Dir am Reportage.

Back to Top
CIM LOGO